Mit dem Segelboot (NL) (20. Juli -2. August)

Schiff ahoi…

Du waars schonn ëmmer e Fan vun Abenteuer an hues och scho bal alles matgemaach? Et feelt dir just nach e Seegeltour mat engem richtege Seegelboot? Dann bass du hei genau richteg!

Den Zweemastklipper „Dageraad“ ass 41 Meter laang a gehéiert zu de gréissten an originellsten hollännesche Charterschëffer iwwerhaapt. Alles op dësem Schëff ass grouss, de Salon, dee fir di gemeinsam a selwer preparéiert Séimannskascht benotzt gëtt, awer och d’Schëffskichen an där mir wäerte selwer kachen.

Di ganz besonnesch Atmosphär op dësem Schëff wäerte mer wärend deene 14 Deeg zesumme fillen an och selwer beaflosse kennen. Zesummen d‘Seegele setzen, d’Iesse virbereeden a wann et muss sinn och den Deck schruppe sinn nëmmen e puer Aufgaben, déi ons vun engem erfuerene Skipper wäerte geleiert ginn. Jee nodeems wei d’Wieder ass an de Wand dréinen, seegele mer um Ijsselmeer, fueren op déi frisesch Inselen an d’Nordmier oder loossen ons op engem vun deene ville Kanäl einfach nëmme mat der Stréimung dreiwen. Een Highlight vun dëser besonnescher Rees wäert sécher sinn datt mer ons um Wattemier „dréchen“ fale loossen, sou datt jidderee ka vum Schëff goen ouni d‘Féiss naass ze kréien!

D‘Mier an all senge Variante genéissen!

Mit dem Segelboot (NL) (20. Juli -2. August)
20/07/2024 - 02/08/2024 (13 Tage) 25 Kinder 14 - 17 Jahre Vollständiger Preis : 1200 € - Moderater Satz : 900 € Bitte kontaktieren Sie uns