Ouschtervakanz am Parc Housen

Das Angebot ist ausgebucht

Den Ouschterhues op Besuch am Éislek

Eng nei Kolonie fir eis klengste Kanner vu 4 bis 7 Joer. Et handelt sech em eng Vakanz vollgepackt mat Spill a Spaass an alles ronderëm Ouschteren. Op dee flotte Site vun der Jugendherberg Sispolo zu Housen kann ee flott Spiller maachen, Expeditiounen an de Bësch ënnerhuelen, looss dech iwwerraschen.

Niewent engem Besuch vum Ouschterhues an der traditioneller Ouschtereeërsich, bidden deng Moniteuren dir nach vill aner flott Aktivitéiten, wéi z. B. ee Spillnomëtteg am Bësch, flott Geschichtenowender mat all de Kanner, op d’Spillplaz goen, selwer baken, bastelen an nach villes méi. Hues du Loscht, deng Vakanz mat ons ze verbréngen, a vill Spannendes ze erliewen, dann zéck net a mell dech un.

Mir freeën eis, dech kennen ze léieren.

Ouschtervakanz am Parc Housen
08/04/2024 - 13/04/2024 (5 Tage) 20 Kinder 4 - 7 Jahre Vollständiger Preis : 450 € - Moderater Satz : 340 € Bitte kontaktieren Sie uns