La Panne 2 (29/7 - 7/8)

Das Angebot ist ausgebucht

Fir eis kleng Piraten

Bei Ebbe Muschele sammelen a Kriibse fänken, d’Naturreservat entdecke mat senger wëller Fauna a Flora, Sandbuerge bauen, mam Gokart iwwert d‘Digue fueren, eng Partie Minigolf spillen oder en Draach klamme loossen. Dobäi nach méiglechst vill Stonne Sonn! Dat ass déi ideal Vakanz fir Grouss a Kleng. An wou kéint een dës Vakanz besser verbréngen ewéi op der belscher Küst. Onvergiesslech Deeg di vervollstännegt ginn duerch onse Programm mat selwer produzéierten Aktivitéite ronderëm onst Vakanzenhaus „Sandkaul“, dat nëmmen 400 Meter vum Mier ewech läit. Ganz besonnesch eraus ze hiewen un onsem Vakanzenhaus sinn säin Amphitheater an awer och säi Liichttuerm, déi de Charme vun der „Sandkaul“ ausmaachen an onverwiesselbar si.

Hei wäerts du dech garantéiert wuel fillen!

La Panne 2 (29/7 – 7/8)
29/07/2024 - 07/08/2024 (9 Tage) 40 Kinder 7 - 11 Jahre Vollständiger Preis : 700 € - Moderater Satz : 525 € Zugänglich für Kinder mit Behinderungen