Riicht Eraus

Du hues entscheet dech ze veränneren an du wëlls a Krisesituatiounen deng Konflikter gewaltfräi léisen. Mir ënnerstëtzen dech op dengem Wee.

D’Zil vun der Berodung am Riicht Eraus ass, dass du dir dem Schued bewosst gëss deens du duerch däi Gejäiz an dengem gewalttätege Verhalen denger Famill undees. Andeems du d’Verantwortung fir däin Handelen iwwerhëls, erkenns du deng Grenzen a léiers dës, esou ewéi déi vun deenen aneren, ze respektéieren an net méi ze iwwerschreiden.

Maach den éischte Schratt zu denger Verännerung andeems du dech bei eis mells an e Rendez-vous ausméchs. Gëff dir d’Chance net méi ze leiden an denge Léifsten net méi wéi ze doen.

Kontaktéier eis

Ruff eis un

+352 2755-5800