2755

plus information

Regionalt Jugendhaus Mäertert-Waasserbëlleg/Wormer

 

!!! Wat maache mir a firwat maache mir daat? !!!

 

 

Animatioun(en)

Billard, Kicker, Darts, Playstation, Gesellschaftsspiller, Televisioun mat Filmowender, Outdooraktivitéiten op dem Funpark, zesumme Kachen …

Rencontre

nomëttes vun dënsdes bis samsdes séch mat aaneren austauschen, Kollegen treffen, chillen, Spiller spillen oder awer och zesummen Hausaufgabe maachen (d`Ëffnungszäiten)

Informatioun(en)

… bei jugendtypische Sujeten wéi Leift & Sexualitéit, Sucht & Drogen, berufflech Carriér, Elteren asw…, mol a Form vu Gespréicher mat den Educateuren, mol op Nofro, mol bei konkrete Problemer eventuell mat enger Weidervermëttlung op eng spezialiséiert Plaz

Formatioun(en)

… a Form vu Workshoppen, mat Formateuren aus verschiddene Branchen wéi (Graffiti, Musikrecording, Dj-ing, Danzen, Makerspace) oder konkret d` “Formation Co-Pilote“, wou du als Jugendlechen am gewësse Kader selwer Résponsabilitéit iwwerhuele kanns

Préventioun(en)

Sucht (Drogen)präventiounsarbecht, ass bei éis och Bezéiungsaarbecht

Liesongen am Stil vun énger „Table Rondes“ aus dem Buch „Endlich Nichtraucher“ mat Diskussiounsméiglechkeeten

Alter vun 12 bis 26 Joeren

Kloer Regelen a Strukturen

 

Gréisser Projeten & Aktivitéiten:


Benefice-Concert

Fun Park-Cup 5 (E Fußballs- a Basketstournoi mat vill Programm, organiséiert vun eise Jugendleche Co-Piloten)

Eegen Promo-Videoen filmen a schneiden; fir d`Jugendhaus, awer och fir dech privat

Mini Vëlosatelier am Jugendhaus mat verschidde Velostouren am Summer

Comptoir am Jugendhaus färdeg realiséiren a regelméisseg Renovatioune maachen

Individuell  Ennerstetzung a Fuerderung

Training & Hëllef am Iwwergang vun der Schoul an de Beruff: Hëllef bei  der Jobsich, Demanden, Liewenslaf a schoulesch Problemer (Beispiller: SVO, SVCI, SVE, Stagen, ALJ & ADEM)

Sënvoll Freizeitprogramm (Karting, Fußball, Museen, Crëschtmaart zu Köln, Gruppespiller, Escaperoom, „On Stéitsch“- Festival etc.)

Zesummenaarbecht mat de Jugendhäiser am Osten  (Summerfeelings)

Zusammenaarbecht mat de Maison Relaisen, der Mediathéik & de Primärschoulen zu Waasserbëlleg an zu Dreibuer

Informell Bildungsugebueter (Beispiller „ Youthpanels vu BeeSecure“ zu Themen wéi, No Hate Speech, Makerspace, Internetsécherheet etc…)

Gassiginn mat Hënn vum Déirenasyl zu Gasperich

Jugendhaus XXL-Wochen (de ganzen Abrëll vu méindes bis sonndes vun 14 bis 22 Auer op)