Formation Co-Pilote
Struktur vun der Formatioun
Animateur B
Fir de « Brevet Animateur B » mat der Mentioun « Co-pilote dans une Maison des Jeunes » ze kréien, muss du folgend Etappen duerchlafen:
- 3 Weekender (WE) vun denger Wiel,
- d’Formatiounswoch I an
- e Stage, dat heescht 10 Deeg an engem Jugendhaus oder 8 Deeg an enger Vakanz/Kolonie mat Jugendlechen.
Zwee Schnuppercour’en, also zwee Nomëtteger, zielen och als e Weekend fir de Brevet « Animateur B ».
Animateur C
Fir de Brevet « Animateur C » mat der Mentioun « Co-pilote dans une Maison des Jeunes » ze kréien, muss du och folgend Etappen duerchlafen:
- 3 Weekender (WE) vun denger Wiel,
- d’Formatiounswoch II an
- e Stage, daat heescht 10 Deeg an engem Jugendhaus oder 8 Deeg an enger Vakanz/Kolonie mat Jugendlechen.
Op Ufro kënnen och Weekender vun aneren Organisatiounen unerkannt ginn. De Mindestalter fir d’Formatioun Co-pilote unzefänken as 15 Joer.
D’Weekender daueren, falls net anescht ugesot, vu Samschdes 15:00 Auer bis Sonndes 17:00 Auer.
D’Schnuppercour’en daueren, falls net anescht ugesot, vu Samschdes 14:00 bis 20:00 Auer
Download hei den kompletten vun den Formatiounen:
Bloc formation 2011-2012_LU (PDF)
Guide 2011_FR (PDF)







