Ons Séjouren

Néi Destinatioun/ Nouvelle destination

Chalet Géisserei – Ons Stadt nei erliewen

img_sejour_vacances_petits_332pxVakanz mat Frënn daat mech Spaass. Dest Joër machen mir Vakanz zesummen op enger spannender Plaatz! Zu Lëtzebuerg an onser Haptstadt gëtt et och fir ons ganz kleng vill flottes ze entdecken.

Net nemmen Butteker, Banken, mee onendlech vill greng Parken, Spillplaatzen, awer och die aal Festung mat den Kasematten, den Mini-Golf am Péitrussdall oder mam Zichelchen duerch d’Stadt fueren, en Ralley duerch ons d’Uwerstadt, an villes méi. Als Ausgangsbasis déngt ons den Scoutschalet zu Dummeldéng, „d‘ Géisserei“ wou mer eng flott Plaatz hun ons Expéditioun zeplangen an ze starten. Deng Moniteurséquipe waert sech vill Méi ginn mat dir an dengen Kolleegen zesummen hei 1 super flott Woch ze verbrengen. Looss dech iwerraschen an komm mat!

 

Fiesch: Vakanz an de Bierger

D‘Bierger nei erliewen

“An de Schwäizer Alpen kraxele bis op de Gipfel!” Wien huet net schonn dovunner gedreemt op déi héchste Bierger ze kloteren? Am Wallis zu Fiesch hu mir zwar net déi héchsten, mä wuel awer mat déi schéinste Bierglandschaft aus der Schwäiz. Ob mat der Seelbunn, dem Vëlo, zu Fouss oder mam Zuch: d’Haaptsaach ëmmer a Beweegung. Et ginn eng Onmass vu Méiglechkeeten am Summer déi Walliser Biergwelt ze entdecken. All deenen di Bierger just vum Wanter hier kennen, am Summer ass d‘Biergwelt nach méi spannend: Kloteren, Beach-Volley, Trekking, Inlineskating, Velostouren, oder Rafting am Schmelzwaasser vun de Gletschere sinn nëmmen e puer Beispiller vun onsem Actionprogramm.

Onst Vakanzenhaus de „Rosentirli“ ass onst Basislager zu all deenen Aktivitéiten a steet zu Fiesch, um Fouss vum „Eggishorn“, nëmmen en Steenworf ewech vum groussen Aletschgletscher, deem gréisste Gletscher an Europa. Falls d’Wieder net matspillt hunn mer d’Méiglechkeet kreativ Workshop’s an onsem Chalet mat senge groussen Openthaltszëmmer unzebidden. Verpasse soll een op kee Fall den traditionelle Schwäizer Raclettenowend. Alpen, Fiesch an de „Rosentirli“: Vakanz mat Action, Schwäizer Charme an idyllescher Biergwelt.

 

Fiesch Adventure, eng Woch voller Action

fir déi Aktiv, …

Fir Jonker, déi nach ëmmer wollten déi ganz Vilfalt vun den Bierger erliewen, ass „Fiesch Adventure“ déi richteg Vakanz! Eis d’Haus, den Rosentirli, dengt als Basislager fir grouss Expeditiounen: Gletscherwanderung um Aletschgletscher, Hütteniwernuechtung um Eggishorn, River-Rafting, Klettersteig, Trekking, Mountainbike.

An awer och e puer relax Momenter an der Piscine oder um shoppingtour duerch Visp.

Eng Woch voller Action, Adrenalinkick garantéiert…

 

De Panne: An der „Sandkaul“

fir ons kleng Piraten

Bei Ebbe Muschele sammelen a Kriibse fänken, d’Naturreservat entdecke mat senger wëller Fauna a Flora, Sandbuerge bauen, mam Go-Kart iwwert d‘Digue fueren, eng Partie Mini-Golf spillen oder en Draach klamme loossen. Dobäi nach méiglechst vill Stonne Sonn! Dat ass déi ideal Vakanz fir grouss a kleng. An wou kéint een dës Vakanz besser verbréngen ewéi op der Belger Côte. Onvergiesslech Deeg di vervollstännegt ginn duerch onse Programm mat selwerproduzeierten Aktivitéite ronderëm onst Vakanzenhaus „d’Sandkaul“, dat nëmmen 200 Meter vum Mier ewech läit. Ganz besonnesch erauszehiewen un onsem Vakanzenhaus sinn säin Amphitheater an awer och säi Liichttuerem déi de Charme vun der „Sandkaul“ ausmaachen an onverwiesselbar sinn. Wuelfille pur…

 

Néi Destinatioun/ Nouvelle destination

GRONINGEN : AKTIV MAM VELO AN KAYAK

Vakanz fir die Aktiv …

Och dëst Joer fuere mer erëm an den nördlechsten Zipfel vun Holland. Dat aalt Bauerenhaus „De Waddenhoeve“ am Nordpolderzijl lait 2 km vum nächsten Duerf (Warffum) ewech an der typescher hollännescher Polderlandschaft. Et ass 2009 ganz renovéiert ginn an ass speziell op d’Besoine vu Gruppen ausgeriicht. Gemittlech Schlof- an Openthaltszëmmer, eng grouss a voll equipéiert Kichen zum Sëlwerkachen, an eng riesech Wiss hannert dem Haus lueden zum gemittleche Beisammensein an. Nordpolderzijl ass typesch fir West Friesland, mat senge Grachten, sengen typesche Wandmillen a wie kann et net aneschtes sinn, kilometerwäit Vëlospisten. Den Waddenhoeve läit nëmmen e puer Kilometer vum Wattenmeer ewech, wou ee mam Kayak an Velo ka gemittlech hifueren. Di optimal Lage erméiglechen onzähleg Velostouren, eenzegaarteg Kayakfahrten an eemoleg Ausflich. Ee vun den Highlights vun dëser Vakanz wäert sécher eng Wattwanderung sinn, wou een d’Méiglechkeet wäert kréien all Zorte vu Kriibsen, Muschelen a Fësch ze gesinn, a mat e bësse Chance och di eng oder aner Robbe. Eng optimal Mëschung fir aktiv Läit.

 

 

Ijsselmeer: Mam Segelschëff duerch d’Ijsselmeer

Seefahrerfeeling Du woors schon ëmmer en Abenteuerer an hues och schon bal alles matgemaach? Et feelt dier just nach en Segeltörn mat engem richtege Segelboot? Dann bass du hei genau richteg! Den Zweemastklipper „Dageraad“ ass 41 Meter laang a gehéiert zu de gréissten an originellsten hollännesche Charterscheffer iwwerhaapt. Alles op dësem Schëff ass grouss, de Salon dee fir di gemeinsam a selwer preparéiert Seemannskascht benotzt gëtt awer och d’Scheffskichen an där mir wäerte selwer kachen. Di ganz besonnesch Atmosphäre op dësem Schëff wäerte mer während deenen 13 Deeg zesumme fillen an och selwer beaflosse kennen. Zesummen d’Segele setzen, d’Iessen virbereeden a wann et muss sinn och den Deck schruppe sinn nëmmen e puer Aufgaben di ons vun engem erfahrene Skipper wäerte geleiert ginn. Jee nodeems wei d’Wieder ass an de Wand dréinen, seegele mer um Ijsselmeer, fueren op di friesesch Inselen an d’Nordmier oder loossen ons op engem vun deene ville Kanäl einfach nëmme mat der Stréimung dreiwen. Een Highlight vun dëser besonnescher Rees wäert sécher sinn datt mer ons um Wattenmeer „dréchen“ fale loossen sou datt jidderee ka vum Schëff goen ouni d’Feiss naass ze kréien! D’Mier an all senge Variante genéissen!

 

Canet-Plage: Vakanz mat Mier, Strand an Camping

Chillen bei herrlechem Wieder an engem Programm deen ee selwer ka mat gestalten.

En Kilometer laangen Sandstrand, super Mëttelmierklima an en herrleche Panorama an Kombinatioun mat Waassersportaktiviteiten, kulturellen Ausflich a motivéierte Moniteuren. Dat richt no „Fun“ pur zu Canet-Plage op der eenzegaarteger Mëttelmierküst um Fouss vun den Pyrénäen am Frankräich. Dës Ëmgéigend ass den idealen Ausgangspunkt fir d’Mëttelmierküst kenne voll ze genéissen.

Onsen 3 Stären Camping „Ma Prairie“ läit an enger roueger Géigend vun Canet. Deen herrleche Strand an och de Staadtzentrum sinn mam Vëlo a manner ewéi 15 Minutten ze ereechen. Camping heescht awer och selwer kachen, spullen an am Zelt iwwernuechten. Wien also léiwer ënnert de fräien Himmel ze Nuecht ësst, léiwer aktiv seng Vakanz verbréngt an net sech am Hotel well verwinnen loossen, deen ass hei genau richteg.

Vakanz ewéi Gott am Frankraich…

 

 

↑ Top