2755

Presentatioun vum Weesen-Elteren

Mir sinn e Grupp vu betraffenen Elteren déi e Kand verluer hunn. Mir treffen eis regelméisseg fir mateneen ze schwätzen an Erfarungen ënnereneen auszetauschen. De Grupp ass reliéis a politesch neutral. Elteren deenen hiert Kand virun enger gewësser Zäit gestuerwen ass preparéieren a leeden d’Versammlung.

De Grupp ass op fir all Mammen a Pappen déi e Kand verluer hunn, egal wéi al d’Kand war an egal wat d’Doudesursaach war.

Et kënnt een esou laang wéi ee wëllt oder wéi een et fir néideg fënnt.

Et kann een eleng oder als Koppel kommen.

Ausserdeem besteet d’Méiglechkeet :

  • fir Eenzelgespréicher
  • fir ausgewielten, däitsch a franséisch Bicher zum Thema Doud an Trauer ze léinen (fir Erwuessener a fir Kanner)
  • fir am Laf vum Joer un där enger oder aner Aktivitéit ënner Frënn deelzehuelen
  • fir sech ausserhalb vun de Versammlungen ze begéinen oder ze telefonéieren

 

D’Ziler sinn:

  • den Elteren nolauschteren an hinnen d’Méiglechkeet ginn fräi mat aneren Elteren iwwert hiert Kand ze schwätzen
  • den Elteren d’Gefill ginn datt si net eleng an hirer Trauer sinn
  • den Elteren hëllefe mat hirer Situatioun eens ze ginn, an nees no an no Freed um Liewen ze kréien.

 

Zusätzlech zu den Reuniounen, déi all Mount stattfannen, ginn och nach dës Aktivitéiten all Joer ugebueden:

  • De “Walk & Talk”, en Trëppeltour mat Momenter fir ze meditéieren an sech auszetauschen. Duerno gi mir all zesummen iessen. Dest ass eng Aktivitéit fir d’ganz, d.h. fir d’Elteren an hir Kanner.
  • de Keelenowend
  • d’Chrëschtveillée
  • en kreativen an erhuelsamen Weekend (all zwee Joer)
  • Informatiounen an d’Méiglechkeet un Konferenzen, Concerten an aner Aktivitéiten zum Thema Trauer deelzehuelen

 

Lued Iech hei den Depliant „Weesen-Elteren” erof:

Depliant Weesen Elteren (FR/LU) (PDF)