2755

Eis Vakanzenhaiser

D’Lëtzebuerger Rout-Kraïz huet 2 Vakanzenhaiser, déi un verschidden Gruppen kennen verlount ginn. Ons Gérancequippe këmmert sech ëm d’Haus ewéi och ëm äert leiwlescht Wuel!

CONTACT pour informations et réservations:

Monsieur Patrick Morn

T. : 2755 6203

Mail: patrick.morn@croix-rouge.lu

 

 

Sandkaul

Bei Ebbe Muschelen sammelen an Kriibsen fänken, d’Naturreservat entdecken mat senger weller Fauna an Flora, Sandbuergen bauen, mam Go-Kart iwwert d‘Digue fueren. Dest sinn nëmmen e puer Méiglechkeeten en Dag zu La Panne op der belger Côte ze verbrengen. Onst Vakanzenhaus „ Sandkaul“ heescht iech Welkom mat all sengem Charme an gudden Iessen preparéiert vun onser Equippe op der Plaatz. Mat sengen 70 Better, sengen 2 Schoulsäll, sengem néien Amphitheater an natierlech dem traditionellen Leuchttuerem heeschen mir iech häerzlech Welkom an der „Sandkaul“ op Mer du Nord.

 

Rosentirli

An den Schwäizer Alpen kraxelen bis op den Gipfel. Wien huet net schon dovunner gedreemt op déi héchsten Bierger ze kloteren? Am Wallis zu Fiesch hunn mir zwar net déi héchsten, mä wuel awer mat di schéinsten Bierglandschaft aus der Schwäiz. Zu Fiesch an onsem Vakanzenhaus dem „Rosentirli“ huet dier Wanter ewéi am Summer d’Méiglechkeet e puer flotter Deeg an engem typeschen Schwäizer Chalet ze verbrengen. Ski fueren, oder am Summer en Trekkingtour op den Aletschgletscher, den Rosentirli ass dat ideaalt Basislager fir all är Excursiounen. Gruppen bis zu 84 Persounen loossen sech hei verwinnen bei där typescher Schwäizer Kichen vun onsem Gérant an senger Equippe.

 

 

 

Eure Meinung ist uns wichtig. Deshalb würden wir gerne eure Fragen, Vorschläge und Ideen kennen, die uns dabei helfen, unsere Arbeit immer weiter zu verbessern!

 

 

↑ Top