2755
img_FunPark-Cup_710

Funpark-Cup, den 13.07.2013 zu Mäertert

29.05.2013

Mir invitéiern Ierch ganz häerzlech op eise Fussballturnéier fir d´Aweiung vun eisem neien Multifunktiounsterrain: de Fun-Park. Jiddwereen am Alter tëschent 14 a 26 Joer kann matmaachen. Mellt iech w.e.g iwwert ärt Jugendhaus un.Niewent de Coupen kënnt dir nach aner flott a wäertvoll Präisser gewannen.

D´Participatioun ass 19,99 € pro Equipe.

All Participant kritt Waasser fir näischt a Bongen fir ze Iessen an ze Drënken.

Niewent der Moderatioun vun de Matcher vum Eldoradio DJ Andy gëtt et nach aner Animatioun, z.B. eng Danzgrupp an en Fussballjongleur.

Schréiwt Iech mat Zäiten an, well den 1. ass fier an d´Plazen si limitéiert. Iwwerweist w.e.g bis spéitstens den 03.07.2013 die 19.99 € op eise Kont mat dem Hiweis Fun-Park-Cup.
Den Tournoi fänkt Moies um 10.00 Auer un, an et geet bis ongeféier 18.00 Auer.

 

Regelen Fun-Park-Cup

• 5 Spiller pro Team plus 1-3 Ersatzspiller

• D´Spillzäit variéiert je no Unzuel vun den Equipen tëscht 10-15 Minutten.

• Et gëtt ouni Abseits gespillt, Awuerf ëmmer mam Fous, et gëtt kee Corner, Goaler gëllen vun der Mëttellinn un, Grätschen a Foulen as verbueden.

• Bei engem Foul kann den Arbiter bis zu 2 Minutten Spillverbuet ginn.

• All Schong sinn erlaabt ausser Stolen Nocken

• Trickoten vun enger Faarf sinn erwënscht (Uniform), wann net kritt dir Gileten vun eis

• Et ginn kéng Goalkeeper Händschen gestallt

 

Numéros de compte :

  • CCPLLULL LU 52 1111 0000 1111 0000
  • BILLLULL LU50 0023 1017 5400 0000
  • BGLLLULL LU 32 0030 0422 0039 0000
  • BCEELULL LU79 0019 1000 1279 4000

Fir weider Infourmationen kënnt dier hei den Flyer eroflueden: