2755
img_automne_710px

Hierschtfest zu Dippech

04.10.2011

Publié le 04.10.2011 / D’Rout Kraïz – Sektioun Dippech invitéiert Iech häerzlech op hiirt Hierschtfest Sonndes, den 17. Oktober 2010 am Centre Culturel zu Dippech.

Gewënner fir d’Tombola si wëllkomm.

Wann Dir eppes baken wëllt, kënnt Dir Aert Gebäck am Centre Culturel zu Dippech ofgin.

Vun 11h00 un: Apéro

Duerno: Mëttegiessen

Um Menu steet: waarm Ham mat gebootschte Gromperen a Geméis

Géint 15h00: Concert mat der Fanfare Schuller-Sprénkeng

De ganzen Dag iwwer: Kaffisstuff an Tombola

 

Umeldung fir d’Mëttegiessen bis den 10. Oktober 2010 beim E. Gilles (Tel. 37 02 36) oder J. Nilles (Tel. 691 37 87 26) oder per E-mail un croix-rouge.dippach@pt.lu.

Den Erléis vum Fest ass fir d’Aktivitéiten vum Roude Kräiz.