2755
img_vélo_2_710px

Vëlostour op Veianen

12.09.2011

Publié le 12/09/2011 D‘Regionaalt Jugendhaus Mertert-Waasserbëlleg/Wormeldange war vun Dënschdeg 6. September bis Donneschdeg 8. September op enger ganz spezieller Vëlostour op Veianen. Gréisstendeels ass et iwwer Vëlospiste gaangen, wou wonnerschéin Landschaften ze genéisse woren (z.B. de Becher Tunnel).

De Wee vu Wormer iwwer Iechternach op Veianen hat sech e Jonken vu Wormer ausgesicht. Den Educateur vum Jugendhaus, Andreas Adam, hat dat Ganzt videotechnesch dokumentéiert. Déi 4 Jugendlech sinn virum Tour an no dem Tour zum Thema „Esprit d`Equipe“ an zu hirer Roll am Team interviewt ginn. Eng weider Besonnechkeet wor, dass den Agent Municipal vun der Gemeng Waasserbëlleg (Marc Thilgen) och mat dobäi wor. Op déi Manéier soll (och an Zukunft) d´Relatioun tëscht der Gemeng an de Jonken verbessert, respektiv gestäipt ginn. Eng ganz speziell Tour wor et ower och wéinst dem exoteschen Trike, e Liege-Bike op dräi Rieder, dat d’Jugendhaus extra fir déi Tour gelount hat. Wéinst der gudder Technik an dem super Sëtz-, respektiv Liege-Comfort wollt jiddereen emol domat fueren. Schlussendlech hunn si hier eegen Vëloen -dobäi wor souguer eng Shopper- ënnerteneen ausgetosch; Teamgeescht.